Räissblieder 300 gr.
Schwengsgehacktes 150 gr.
gerappte Muerten
150 gr. Sojasprossen
100 gr. Glasnuddelen
25 gr. gedréchent Champignonen (schwaarzer)
1 Ee Salz Peffer

Erdnossueleg fir dat ganzt auszebaken. D' Schwengsgehacktes ma mer an en Dëppen, maachen eis gerappte Muerten dobäi an d'Sojasprossen am ganzen oder kuerz mam Messer gehackt.

D' Champignonen weeche mer a waarmen Waasser an fir 15 Minutten, raushuelen a kleng schneiden, d'Glasnuddelen kommen och eng Kéier kuerz an dat waarm Waasser a gi kleng geschnidden a kommen bei d' Gehacktes, mat de Champignonen dat selwecht.

Lo kennt nach d'Ee an dat ganzt mat Peffer a Salz wierzen no Goût an da gutt mëschen.

Fir d'Räissblieder huele mer gutt waarm Waasser zappen all Blat eenzel doran, wa mer mierken dat et mell gëtt raus huelen an op engem Kichenduch ausbreeden a mer fëllen dat Blat mat engem gudden Iessläffel vun der Mass an den an dem ënneschten Drëttel vum Blat klappen dat ganzt no uewen em lo ginn d'Säiten lenks a riets nach no bannen ageklappt an da rulle mer dat ganzt no fir zesummen.

Dat widderhuele mer dann mat der ganzer Mass. Lo gëtt an engem Wok Erdnossueleg waarm gemaach (d'Friteuse geet och) an da ginn d'Nems zu deenen zwou Säiten knausereg brong gi gelooss an dann op engem Kichepabeier ofdrëpse gelooss.

Dobäi kann een dann eng Nemszooss oder awer den chineseschen Ketchup ginn... E gudden....

Dëst Rezept gouf erageschéckt vum Joer Ceccon vu Rousport