Wat kënnt dran?
2 hart gekachten Eer
15 gekachten Gromperen
1 grouss an 1 kleng Këscht Thon naturel

Wéi préparéieren?

1 klengt Dëppchen Rahm mat e bësse Mellech verméchen. D'Grompere kachen, d'Eeer hart kachen Gromperen mat der Fourchette ganz reng duerchdrécken.

D'Eer och mat der Fourchette ganz reng duerchdrécken, den Thon an Rahm mat der Mellech ënnermëschen, alles an eng véiereckech Form machen an 2

Stonnen an de Frigo léën. Färdeg ass e frëscht Rezept fir e waarmen Summer.

Dëst Rezept gouf erageschéckt vum Berthy Bihner vun Esch Uelzecht