Fir 4 Leit:
- 1 Apel
- 1 Banane
- 1 Ënn
- 100g gereecherte Speck
- 2 Zoppeläffel Curry
- 2 Zoppeläffel Miel
- 3/4l Hingerbritt oder Geméisbritt
- 250g Muerten
- 1-2 jonk Poretten
- 125g Crème Double
- Salz & Peffer
- 400g Poulets-Filet oder Dinde

Wéi préparéieren?

Den Appel an d'Banane a kleng Stécker schneiden a mat der Ënn a mam Speck dat selwescht maachen. D'Ënn an de Speck undënsten, dann den Apel an d'Banane dobäi maachen , kuerz ubroden, dono de Curry an d'Miel dobäi maache (gutt duercherneen maachen ). De Bouillon dobäi schëdden a während +/- 30 Minutten zéie loossen (net kachen loossen).

Währenddem de Poulet/Dinde a Sträife schneiden an an enger Pan broden mat Salz, Peffer a Curry wierzen (sou schaarf wéi ee well)...an der Pan just waarm halen. D'Muerten an déi jonk Poretten an Rondelen schneiden.

No +/- 30 Minutten d'Zopp duerch eng Passette schëdden (d'Stécker kann ee liquidéieren) de Jus nach emol opsetzen a emol kuerz kachen loossen (wann néideg nach emol Salz, Peffer, Curry dobäi maachen ). D'Rondele vun de Muerten dobäi maachen a 5 Minutte mat kachen.

D'Zopp op Telleren maachen, d'Poulets-Stécker draleeën an d'Porettes-Rondelen driwwer verdeelen.

Zervéieren!

Dëst Rezept gouf vum Marco Wies vun Téiteng erageschéckt. Dës Zopp ass aus dem Film 'Dinner for One'.