Problèmes avec la secrétaire Marie-Jeanne Reichling

les membres du comité du LSV ont démissionné

Luxembourg

Marie-Jeanne Reichling s'était exprimée de manière discriminatoire sur les couples de personnes de même sexe dans un journal.

Le Lëtzebuerger Schrëftstellerbverband (LSV - l'Association des écrivains luxembourgeois) était réuni lundi soir en assemblée générale extraordinaire. A cette occasion, le comité, avec à sa tête, la présidente Mireille Weiten-de Waha, souhaitait que la secrétaire, Marie-Jeanne Reichling, démissionne suite à ses propos sur les couples homosexuels dans la presse, propos qui, selon le comité, étaient discriminatoires, et donc, qui allaient à l'encontre des valeurs défendues par le LSV. Madame Reichling a refusé de le faire, les 4 autres membres du comité ont alors démissionné eux-mêmes.

Selon ses propres déclarations, le LSV s'engage pour la liberté d'expression. La secrétaire serait malgré tout une personne publique et le fait de mener une campagne de dénigrement fanatique comme elle le fait, contre les gens ayant une orientation sexuelle différente, blesserait de nombreux membres et ferait du mal à l'association, peut-on lire dans un communiqué.

C'est pour ce motif que le comité devait démissionner, car il serait impossible d'encore collaborer de manière constructive avec Madame Recihling. Cette dernièer n'était pas présente à l'assemblée générale extraordinaire.

On ne sait pas encore si le LSV pourra continuer à fonctionner dans ces conditions.

Communiqué de presse (en allemand)

Ausseruerdentlech Generalversammlung vum 17.06.2014

Demissioun vu 4 Comitésmemberen

Gëschter Owend huet am „Konschthaus beim Engel“ eng ausseruerdentlech Generalversammlung vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband stattfonnt.

Wéi Dir aus der Presse an aus eise leschte Mailer sécher gewuer gi sidd, hate mir der Sekretärin vum LSV-Comité, der Madame Marie-Jeanne Reichling, de Récktrëtt nogeluecht, well si an Zeitungen am In- an Ausland an op hirem Blog Artikele veröffentlecht huet, déi äusserst diskriminéierend vis-à-vis vu gläichgeschlechtleche Koppele sinn, an domat absolut géint d’Wäertvirstellunge vum LSV verstoussen, déi, wat déi politesch a reliéis Iwwerzeegungen wéi och wat d’sexuell Orientéierung vun de Leit  betrëfft, op de Prinzipie vu Gläichheet, Toleranz a Solidaritéit baséieren.

Den LSV steet natierlech och fir Meenungsfräiheet. Awer an der Fonktioun vu Sekretärin vum LSV ass een eng öffentlech Persoun an et schued dem Verband a blesséiert vill Memberen, wann een Artikele veröffentlecht, déi a fanatesch Hetzcampagnen géintiwwer Leit vun anerer sexueller Orientéierung iwwerginn an déi stelleweis an engem Wuertlaut geschriwwe sinn, deen un ee rietsextreme Jargon erënnert.

De Récktrëtt vun der Madame Reichling ass net erfollegt an aus deem Grond sinn déi aner Comitésmemberen, dat heescht den André Link, de Wolfgang Geiselhart, d’Maryse Krier an d’Mireille Weiten-de Waha, gëschter Owend eestëmmeg zeréckgetrueden. Si hunn also hir Demissioun am  LSV-Comité ginn, well et fir si onméiglech ass, nach weider konstruktiv mat der Madame Reichling ze schaffen.

Ob den LSV weiderbesteet an ob d’Sekretärin elo en neie Comité grënnt, kënne mir Iech leider net soen, well si gëschter Owend net un der ausseruerdentlecher AG deelgeholl huet an sech domat also och net de Froe vun dem Comité an de Memberen, déi präsent waren,  gestallt huet.

Bescht Gréiss

Mireille Weiten-de Waha, Presidentin

Wolfgang Geiselhart, Tresorier

André Link  a Maryse Krier, Memberen