Evénements

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »
Kanner, Konscht an Déieren: Integratiounsprojet "Animalia"

Vun A wéi Af bis Z wéi Zebra: ANIMALIA heescht deen aktuellen Integratiounsprojet vum "Centre d'éducation différenciée" a vun der Grondschoul zu Iechternach, dee vu Februar bis Juli 2012 dauert. Vun der Zesummenaarbecht sollen d'Schüler a béide Schoule profitéieren. Zënter 1999 scho gëtt et deen integrative Schoultheaterprojet an der Abteistad. Bei ANIMALIA stinn, wéi z'erwaarden, d'Déieren am Mëttelpunkt. An alle Schoulzykle kënne si ouni Problem behandelt ginn. An 10 verschiddenen Atelieren hunn d'Schüler déieresch Konschtwierker geschafen, déi an enger Ausstellung am Trifolion (nach de 14. a 15. Mee vun 15 bis 18 Auer) an a 15 Butteker vun der Sauerstad gewise ginn. Ofschloss vum Projet ass dann d'Opféierung vun engem Theaterstéck den 11. Juli am Schoulhaff vun der Iechternacher Grondschoul, dat am Kontext vum Schoulfest.


Touch my Auto

Touch my Auto: Biller vun der Aktioun vum Steve Müller a vu Concept Factory.


Walfer: Wéi schafft e Schmadd?

Um Freideg, 27. Abrëll waren zu Walfer op der Plaz virun der "Maison Dufaing" d'Schmatte lass. Si hunn ënnert anerem gewisen, wéi Messer gemaach ginn. Vill Schoulklasse ware sech ukucken, wat de Schmadd Jean Bichel mat senge Leit alles maache kann. Um Weekend elo ass dann nach eng Ausstellung vum Jean Bichel senge Wierker am Kulturschapp zu Walfer bei der Gare. Fotoen: Lucien Koneczny


Ofschlossconcert vun der Formatioun "chant choral" vum INECC

Ofschlossconcert vun der Formatioun "chant choral" vum INECC (Institut Européen de Chant Choral, Luxembourg) an UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) e Mettwoch den Owend am Centre Arca. De Sall vum Centre Arco zu Bartreng wor voll, wei e Mëttwoch den Owend eng 150 Sänger hiren Ofschlossconcert presentéiert hunn. Dëse Concert wor d'Schlussmanifestatioun vun enger Formatioun, dei zu Bartreng, Miersch an Eiter während 3 Méint stattfonnt huet. Säit e puer Joer gëtt et ob Initiative vum INECC dës Formatioun fir Chouersänger oder Leit, déi et emol wëlle ginn. Zesumme mat der Ugda forméieren de Camille Kerger, d'Szalay Tünde, d'Monika Spross, de Philippe Partridge an d'Stephany Ortega de Sänger hir Stëmm a féiere si an de Répertoire vum Gesangsensemble an. All Joer gëtt et 2 Sessiounen, eng vu September bis Dezember an eng vun Januar bis Abrëll. Zanter dass et dës Atelieren gëtt, schreiwen sech ëmmer méi Leit an, esou dass dëst Joer d'Zuel iwwer 200 geklommen ass. Intressenten kënnen sech iwwer d'Internetsäit vun der Ugda oder beim INECC www.inecc.lu aschreiwen. Fotoe vum Lucien Koneczny.

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »