Agenda
Agenda

Open Day Superflott Camp Same Same but Diverse

Clairefontaine (B) - Centre d'accueil Clairefontaine

Den CISV Lëtzebuerg ass houfreg iech op den Open Day vun sengem Youth Meeting "CAMP SUPERFLOTT SAME SAME BUT DIVERSE" zu Clairefontaine anzelueden. D'Kanner, d'Leaderen an d'Staffien aus Eisteräich, England, Norwegen, Holland, Däitschland, Israel an Lëtzebuerg maachen fir eng kuerz Zäit Dieren vum Camp op fir iech ee klengen Abléck ze ginn: Wouhier kommen si? Wéi eng Themen sinn hinne wichteg? Firwat ass den Austausch mat Kanner aus anere Länner wichteg fir si ? Wat hunn se schonns iwwert Diveristéit geléiert? Wat hunn se alles fir déi véierzéng Deeg geplangt an deenen se zesummen sinn? etc. etc.

Sidd der virwëtzeg? Dann kommt an frot se selwer an verbrëngt e puer Superflott Stonnen mat eis

Où?

81, Rue du Cloître
B-6700 Clairefontaine (B)
Belgique
+352 621 207 451

yves@petesch.lu
Audience: Enfants, Famille